top of page
Lëstlé.png

Wëllkomm um Internetsite vun der

LESTLE

Lëstlé Broschür 23-24

Click to download 

Lëstlé

LESTLE

Wee si mir?

Wat mache mir?

Lëstlé.png

D’Lëstlé zielt zu den eelsten Lëtzebuerger Studentencercelen. E gouf viru méi wéi 100 Joer gegrënnt an existéiert ënnert senger aktueller Form säit 1955.

 

De Cercle besteet aus ongeféier 45 aktive Memberen. De Comité, zesummegesat aus 10 Memberen, befaasst sech mat der Organisatioun vun diversen kulturellen, festlechen, sportlechen an informativen Aktivitéiten fir seng Studenten.

 

Mir probéieren de Studenten ze erlaaben sech besser an hirem neien Ëmfeld anzeliewen a mir hëllefen hinnen nei Kontakter ze kneppen. Mir sinn ëmmer mat Spaass a Motivatioun dobäi a leeë vill Wäert op Zesummenhalt, Oppenheet an Hëllefsbereetschaft.

 

Wat d'Lëstlé dann awer och nach ausmëscht, ass dass mer Studenten aus de verschiddensten Studienrichtungen regruppéieren, vun Medezin bis Ekonomie iwwer Psycho, d'Lëstlé huet kompetent Memberen aus alle Beräicher. Dëst féiert dann oft zu interessanten Diskussiounen an et léiert een ëmmer eppes Neies bei.

 

Wéis de mierks, sinn mer immens aktiv, wanns de also nei zu Léck bass oder interesséiert bass deng Studien zu Léck unzefänken, zéck net eis unzeschwätzen wanns de eis begéins.

 

Eis Sponsoren

SPUERKEESS_600px.png
DuPont_tm_rgb.png
chamber-of-commerce-luxembourg-logo.png
Image1.png
original_logo_png_haute_resolution_cmyk_300dpi.png
TO.png
CreosLogo_RGB-LightDarkBlue_NoTagline.png
Logo_Schroeder_CMYK-01.png
BGL.png
image003.png
RAF_logo_ver_cmyk (1).jpg
ACEL Logo.png
bottom of page